
De Budget vun der Fonction publique beleeft sech op ronn eng Milliard Euro, eng Hausse also vu 47 Milliounen Euro am Verglach zu 2023. Den Haaptundeel vun den Depensë fir dëst Joer fléissen an de Fong fir d’Pensiounen, dee fir dëst Joer bei 904,3 Milliounen Euro läit. Hei ass et eng Hause vu ronn 11 Milliounen Euro am Verglach mam Joer virdrun.
14.000 fréier Fonctionnaire kréie jo hautdesdaags eng Pensioun vum Staat. Dee Chiffer louch 2015 bei 10.000 an 2020 bei 12.000.
Am Laf vun dësem Joer sollen dann nach 1.500 nei Leit beim Staat agestallt ginn. Och dat huet den zoustännege Minister Serge Wilmes en Donneschdeg an der Chamberkommissioun fir d’Fonction publique confirméiert. Eleng 750 Poste sinn et fir d’Educatioun, 90 fir d’Police, 52 fir d’Arméi a 570 fir d’Ministèren.