
Am Fall vun der Cinemathéik op der Theaterplaz leien d‘Käschte bei gutt 43,5 Milliounen Euro. Nieft der Renovatioun ass hei en zweeten, méi grousse Sall geplangt, an deem eng 177 Leit solle Plaz fannen. Donieft ass en Atelier pédagogique an eng Brasserie virgesinn. Dee Chantier soll am Dezember 2025 ugoen a bis Februar 2029 daueren.
Fir de Stater Conservatoire steet d’Renovatioun vum groussen Auditorium um Programm. Ënnert anerem sollen hei d‘Sëtzer an d‘Teppecher ersat ginn an och de Parquet, d‘Akustikspanneauen an d‘Metallstrukture sollen opgefrëscht ginn. Am Sall soll en neien oppene Liicht- a Regieposte geschaaft ginn, grad wéi en zouene Projektiounsberäich hannen am Sall. Dee Projet gouf mat gutt 11 Milliounen Euro veranlaagt. D‘Aarbechte sollen am Abrëll d‘nächst Joer ugoen a bis November 2026 fäerdeg sinn.