Police melltDe Weekend gouf op e puer Plazen am Land agebrach

RTL Lëtzebuerg
Donieft waren d'Beamte wéinst alkoholiséierten an aggressive Persounen a Clausen am Asaz.
© RTL Archiv

E Sonndeg goufen der Police zu Lëtzebuerg eng Rei Abréch gemellt. Géint 18.45 Auer hat eng Persoun an der Rue Edward Steichen zu Péiteng eng Fënster ageschloen an doropshin d’Raim vun engem Eefamilljenhaus duerchsicht. Dobäi goufe virun allem Bijoue geklaut, éier sech den Täter duerch d’Bascht gemaach huet.

Ee weideren Abroch gouf et dann och an der Rue de l’Acht zu Nidderfeelen, wou eng Persoun d’Fënster vun der Terrass opbriechen a sech domat Zougang zum Haus verschafe konnt. Och hei goufe Bijoue matgeholl.

A Clausen hu sech e Sonndeg dann e puer alkoholiséiert Leit an engem Café an der Rue de la Tour donieft beholl, sou datt d’Police op d’Plaz geruff ginn ass. D’Persounen hu bei der Kontroll net mat de Policebeamte kooperéiert a si ugepöbelt. Ee Mann gouf dobäi mat an Arrest geholl. Ee vun den anere Kontrolléierte war kuerz drop och nach matgeholl ginn, well hien ëffentlech urinéiert hat.

Eng aggressiv Persoun gouf et dann nach an der Rue du Fort Neipperg, déi do Passante soll ugepöbelt hunn. De staark alkoholiséierte Mann ass doropshin och mat an Arrest geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO