Stad LëtzebuergDe Weekend mat schéinem Wieder huet vill Touristen ugelackelt

Jeannot Ries
Fräi Plazen op den Terrassë gouf et an der Stad kaum. D'Gëlle Fra, d'Kathedral, de Palais, d'Corniche.
De Weekend mat schéinem Wieder huet vill Touristen ugelackelt
Dat schéint Wieder huet dëse Weekend vill d’Touristen op Lëtzebuerg ugezunn. Komme si och op hir Käschten?

Op den traditionellen Attraktiounen huet, wann een d’Ouere gespëtzt huet, de Mix u Sproochen impressionéiert. Virop Touristen, déi fir een oder zwee Deeg an d’Land kommen. Aus der Grenzregioun. Awer och op Passage, vu ganz wäit. Venezuela, Chile, China, ... Portugal, Spuenien, England.

Touristen déi ëmmer nees ervir gestrach hunn, wéi gréng ons Haaptstad ass. Mat frëndleche Leit. Propper. Elegant. Mat schéine Gebaier.

Wann een da freet, wat nach verbessert kéint ginn. Da schéngt et virop an zwee Beräicher op d’mannst de Weekend, nach Loft no uewen ze ginn. Et wieren et genuch Restauranten op. A wann, da géif Owes méi spéit net méi zerwéiert.

An dann, wier et flott, wa sonndes och méi Geschäfter op wieren, sou d’Reaktioun vun Touristen.

© Jeannot Ries
© Jeannot Ries

Back to Top
CIM LOGO