Bis e MéindegDe Weekend zitt nees Saharastëbs iwwert Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux mellt, kéint de Saharastëbs an der Loft dem gudde Wieder, dat de Weekend gemellt war, awer nach ee Stréch duerch d'Rechnung maachen.
© AFP

Wie virhat, de Weekend seng Fënsteren oder säin Auto ze wäschen, sollt domat villäicht nach e bësse waarden. Meteolux seet fir de Weekend nämlech nees Saharastëbs viraus, dat vun e Samschdeg bis e Méindeg. Haaptsächlech de Sonndeg kéinten déi déck Wolleken dann och fir méi kill Temperature suergen, wéi u sech virausgesot.

Eréischt d’lescht Woch waren déck Wolleken aus dem Süden eropgezunn, déi den Himmel raschteg rout gefierft haten. Elo de Weekend soll et dréche bleiwen an deelweis och d’Sonn schéngen, dat bei Temperaturen tëscht 19 an 21 Grad daagsiwwer.

Back to Top
CIM LOGO