
“Si mer um Enn vum Lëtzebuerger Modell ukomm?” Déi Fro huet d’Chambre de Commerce op hirer traditioneller Budget-Pressekonferenz gestallt. Eis kleng an oppe Wirtschaft wier staark duerch d’geopolitescht Ëmfeld, mee och duerch eis intern strukturell Problemer geschwächt.
Lëtzebuerg hätt ëmmer duerch seng staark Wirtschaft a kompetitiv Betriber, déi op den Export axéiert waren an duerch seng international Finanzplaz kënnen héich Steierrecettë generéieren, esou de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce. Ma de Modell wier a Gefor:
“Well den Output, also dat wat aus der Wirtschaft produzéiert gëtt, eise Räichtum, dee geschaaft gëtt, dee brauch ëmmer méi Input, also ëmmer méi Ressourcen, déi awer ëmmer méi deier a méi rar ginn.”
Zu deene Ressourcë gehéiert engersäits de Kapital:
“Dat hu mer bis elo ëmmer fäerdegbruecht unzezéien, well mer méi attraktiv ware vläicht wéi aner Länner, well mer och méi attraktiv steierlech waren, awer net nëmme steierlech, och duerch déi politesch Stabilitéit wéi an anere Länner, an awer och elo an deem ganze Sog vun Iwwerreguléierung an Europa matgezu ginn. Dat heescht, Europa ass am Moment net méi attraktiv, leider, a Lëtzebuerg ass Deel vun Europa an doduerch sinn elo vill Juridictiounen, déi ausserhalb vun Europa leien, méi attraktiv.”
D’Populatioun och zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi al, wat dramatesch Konsequenzen op eise Pensiouns- Fleege- a Gesondheetsystem à long terme wäert hunn. Et gëllt also, weider Talenter och aus dem Ausland unzezéien:
“Wann alleguer déi Leit aus Drëttstaaten net méi kommen, a mir hunn dat och an den Zuele gesinn, wann déi Frontalieren net méi kommen, well do och dee Viellissement do ass, an Däitschland huet och ee grousse Viellissement, jo da kann eise Sozialsystem net méi opgoen, well mer dann net méi deen Emploi hunn, fir d’Cotisatiounen ze bezuelen, déi mer eeben u sech brauchen.”
Den Emploi géif just nach beim Staat wuessen.
“Beim Staat gëtt net gekuckt, op wann eng Persoun an d’Pensioun geet, muss déi wierklech remplacéiert ginn oder net, soudatt och vum Secteur public eng extreem grouss Konkurrenz oder en Drock, jo, Konkurrenz par rapport zum Privatsecteur entsteet. An dat huet natierlech dann och d’Konsequenze fir eis Disponibilitéit vu Main d’Oeuvre am Privatsecteur.”
An den Ae vum Carlo Thelen wier de Lëtzebuerger Pragmatismus an de leschte Joren komplett verluer gaangen an et hätt e komplette Switch ginn:
“Vun engem Land vun entrepreneurialem Esprit, vun industriellen a Wirtschaftsacteuren zu engem Land vu Kontrolleuren, Inspekteuren, Regulateuren, Compliance -Officer, Beamtentum, deen amplaz der Bevëlkerung ze déngen, wéi den engleschen Term civil servants et seet, éischter do ass fir der Bevëlkerung an och de Betriber Steng an de Wee ze leeën.”
D’Wirtschaft misst erëm ugekuerbelt an erëm kompetitiv an attraktiv gestallt ginn, sou nach de Carlo Thelen.