Alkohol an AggressiounenZu Diddeleng an Déifferdeng hat d'Police et mat alkoholiséierte Persounen ze dinn, déi deels och handgräiflech gi sinn.

Andy Brücker
D'Konsequenz war, dass se an den Arrest koumen, respektiv an d'Ausniichterungszell.
© Laurent Weber

E Sonndeg de Mëtteg krut d'Police e Mann gemellt, deen an engem Café zu Diddeleng opfälleg gi war. E soll Gäscht an d'Personal beleidegt an ugejaut hunn. Eng Policepatrull huet sech ëm de Mann gekëmmert. Den Alkoholtest war positiv an en huet musse an d'Ausniichterungszell.

Nëmme kuerz drop gouf eng Persoun gemellt, déi sech op der Benelux-Plaz zu Esch donieft beholl huet. Géintiwwer der Police war dës Persoun dann och alles anescht wéi kooperativ a si gouf aus Sécherheetsgrënn immobiliséiert. No engem medezineschen Check koum se an den Arrest.

Zu Déifferdeng hunn d'Beamten e Sonndeg um 2 Auer mussen an den Asaz, well eng Partie alkoholiséiert Leit uneneegerode waren. De Beamten ass op der Plaz eng Persoun besonnesch opgefall, déi ënner staarkem Alkoholafloss stoung. Et huet ee probéiert, de Mann ze berouegen, ma dat ass de Beamten net gelongen. De Mann ass souguer handgräiflech géintiwwer de Beamte ginn, wouropshin dësen immobiliséiert gouf. En huet sech net berouegt an d'Beamte weider beleidegt. De Recht vun der Nuecht huet en am Arrest verbruecht.

Back to Top
CIM LOGO