
Gewënnt ee bei dësem Concours, kritt een déi grouss Chance, op engem TEDxLuxembourgCity Event ze schwätzen. De Virtrag selwer gëtt dann dono op den TEDx Youtube-Kanal gesat, deen iwwer 40 Milliounen Abonnenten huet.
Fir matzemaachen, muss een tëscht 12 an 18 Joer al sinn, zu Lëtzebuerg an d’Schoul goen a Lëtzebuergesch schwätzen. Dono brauch een dann eng kreativ Iddi, déi ee presentéiert a Form vun engem Essay (400 Wierder) oder engem Film vun 3 Minutten. Zu dësen Iddie gehéiere Rotschléi, nei Léisungen oder eppes Cooles, dat engem un der Welt opgefall ass.
Hues du Loscht matzemaachen? Da schéck däi lëtzebuergesche Virtrag iwwert den offizielle Site an, dat mat Numm, Alter, Foto, kuerzer Biografie (ca. 50 Wierder) an Titel vun der Iddi, zesumme mat dengem Essay oder Film. Zäit huet een nach bis de 4. Mee 2024.
Déi bekannten TED Talks si kuerz awer staark Presentatiounen iwwert all méiglech Themen, déi de Presentateuren um Häerz leien. TEDxLuxembourgCity ass eng lokal Versioun vun TED, déi sech op Iddien aus der Lëtzebuergescher Gesellschaft konzentréiert.