Et soll en Hotel gi mat 90 Zëmmeren an dat op 8.600 Quadratmeter. Beim Renovéiere sinn d’Aarbechter awer op eppes gestouss, wat si sech net erwaart haten, esouguer op zwou Saache vun historescher Bedeitung. En ale Mosaik hu si an der Entrée fonnt an Iwwerreschter vun eiser aler Festungsmauer am Keller. Dat alt Post-Gebai um Hamilius ass en historescht Gebai, dat tëscht 1908 an 1910 gebaut gouf. 2017 sinn d’Mataarbechter dunn a méi e modernt Gebai op d’Gare geplënnert. Elo soll en Hotel drakommen, de Post-Direkter Claude Strasser ass zwee mol frou, engersäits wéinst der Entdeckung, déi si am Keller gemaach hunn, anerersäits awer och, well si nach ëmmer gutt am Timing sinn a well dës Entdeckung si elo net opgehalen huet.
Dës Deeler vun eiser Festungsmauer, gebaut ëm dat 16. Joerhonnert, ginn elo preservéiert. Am Laf vun de Joren an deenen eenzele Renovatiounen, déi d’Gebai schonn hannert sech huet, hu si schonn e puer mol e Mosaik fonnt, esou den Architekt John Voncken vun der Inpa.
Eng Kummer gëtt et schonn, déi fäerdeg ass, mee déi gëtt eréischt bei der offizieller Ouverture gewisen. Mir hunn dierfe luusse goen, hunn awer net filmen dierfen, et bleift also spannend fir den zukünftege Client vum Hotel.