
Am Mäerz haten d’Schäfferéit vun de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren decidéiert, d’Gespréicher iwwert eng Nordstadfusioun weiderzeféieren. Ma e Mëttwoch huet am Bettenduerfer Gemengerot eng Majoritéit dogéint gestëmmt, weider un de Fusiounsgespréicher deelzehuelen. Déi aner véier Gemenge wëllen awer weider um Projet festhalen.
Just véier vun den 11 Bettenduerfer Conseillere ware beim geheime Vott dofir, weider iwwert d’Nordstadfusioun ze schwätzen. Dat haten d’Kolleege vum Tageblatt a vum Wort gemellt. De Spriecher vun der Nordstad a Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer, Claude Gleis, seet, et géing een déi Decisioun zur Kenntnis huelen a respektéieren, mee: “Ech fannen et e bëssi komesch, datt lo de Gemengerot awer do direkt beim éischte Vott fir Discussions exploratoires Nee gesot huet. Well et ass jo sou, datt lo der Populatioun net d’Méiglechkeet gi gëtt, fir an engem Referendum selwer doriwwer ofzestëmmen.”
Datt d’Fusioun e Mëttwoch iwwerhaapt um Ordre du jour vum Gemengerot stoung, hat mat der Délibération concordante ze doen, déi Bettenduerf am Mee gestëmmt hat. Dora war gefuerdert ginn, datt d’Gemeng de Statut vun engem Centre de développement et d’attraction, kuerz CDA, an domadder eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung vu 25 Prozent pro Awunner vum Staat kréie sollt. Bettenduerf géing nämlech genee wéi Dikrech, Ierpeldeng-Sauer an Ettelbréck, déi ee CDA sinn, iwwerregional Aufgaben iwwerhuelen. Als Beispiller goufen d’Ackerbauschoul zu Gilsdref an den Ofwaassersyndikat Siden op der Bleesbréck genannt.
Ma den Inneministère huet déi Argumentatioun net iwwerzeegt an eng Klasséierung vu Bettenduerf als CDA refuséiert. Dem Wort no huet de Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen e Mëttwoch gesot, zanter een déi zousätzlech Fuerderung gestallt huet, wier ee bei de Berodunge bausse vir gewiescht. Gouf Bettenduerf also an der Läscht ausgeschloss? “Nee, mir hu si sécher net ausgeschloss, mir wollten ëmmer mat Bettenduerf weiderschaffen. Mir hunn hinne just gesot, dir musst eng nei Deliberatioun huelen, wou dee Punkt CDA net méi drasteet.”
Ma zu Bettenduerf huet ee sech anescht entscheet. Dat géing awer net bedeiten, datt d’Nordstadfusioun gestuerwe wier: “Déi aner véier Kärgemengen, op jiddefalls mol d’Schäfferéit, sinn der Meenung, datt mer solle weiderschaffen. Mir stinn nach ëmmer hannert der Fusioun. Am Moment lafen och schonn d’Aarbechtsgruppen, nei Aarbechtsgruppe sënn amgaangen opgestallt ze ginn, do si lo natierlech keng Leit méi vu Bettenduerf dobäi. D’Timeline, déi mer eng Kéier festgehalen haten, déi soll och bleiwen, dat heescht 2027 gëtt de Referendum ugepeilt.”
Op Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren eng nei Délibération concordante unhuele mussen, wier nach net kloer. Dat géing een zäitno mam Inneministère préiwen. Kloer wier par contre, datt een elo ganz séier an intensiv weiderschaffe misst.
Mir hunn och de Patrick Mergen kontaktéiert. Kuerzfristeg war een Interview awer net méiglech. Et ass awer d’Ausso, datt Bettenduerf aktuell och keen Interessi un enger anerer Fusioun huet.