Affär ëm vermësste Lëtzebuergerin?Déi belsch Police ass bei Asaz zu Sterpenech mam Bagger ugeréckt

RTL Lëtzebuerg
Et soll sech hei ëm eng Affär handelen, déi am Zesummenhang mat enger Lëtzebuergerin stéing, déi zënter Ufank Dezember vermësst gëtt.
© Domingos Oliveira (RTL)

Fir déi leschte Kéier gouf dat 31 Joer jonkt Lucia Alexandroae an engem Kleeder-Outlet zu Messancy gesinn, dat e puer Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech. Zënter dem 6. Dezember gouf d’Familljemamm net méi physesch gesinn. D’Fra huet e klengt Meedche vun zwee an d’Halleft Joer.

Ma wéi et heescht, gouf et elo an deem Zesummenhang en Asaz en Dënschdeg de Moien zu Sterpenech, deen och nach am Nomëtteg ugehalen huet. Méi genee ass den Asaz virun an ëm der vermësster Persoun hirem Doheem, esou déi belsch Medien.

Wéi et weider heescht, gouf de Mann vun der vermësster Persoun festgeholl, eng Sich gouf et um Grondstéck vum Haus an och am Bësch, deen hannert dem Haus läit. Bis ewell géif et awer ëmmer nach keng Spuer vun der vermësster Fra ginn.

Un der Sichaktioun bedeelege sech mëttlerweil déi Lëtzebuerger Enquêteuren, wéi och déi aus der Belsch an aus Rumänien. Wéi d’Famill vun der Fra matdeelt, hätt een nach den 8. Dezember Kontakt mat der Fra gehat, déi a Rumänien gereest soll sinn. Den 10. Dezember hätt een dunn näischt méi vun der Fra héieren, déi och net wéi geplangt den 9. Januar 2023 op der Aarbecht opgedaucht wier.

Fir d’lescht zu Messancy gesinn: D’Lucia Alexandroae gëtt zanter dem 6. Dezember vermësst

Back to Top
CIM LOGO