Aus SécherheetsgrënnDéi Dikrecher Ficelles-Bréck dierft länger zou bleiwen

Marc Hoscheid
D'Gemeng hofft, datt séier ee Provisorium en place gesat gëtt. Vu Ponts et Chaussées ass nach net vill Konkretes ze héieren.
Aus Sécherheetsgrënn bleift déi Dikrecher Ficelles-Bréck länger zou
Well déi stole Seeler verrascht sinn, ass d’Ficessles-Bréck zu Dikrech gespaart. D’Gemeng hofft op ee séiere Provisorium.

Knapp 50 Joer huet d’Bréck mat de markante stole Seeler um Bockel. A well d’Zäit hir Spueren hannerléisst, sinn d’Seeler zimmlech verrascht. Dobäi hat nach viru guer net sou laanger Zäit eng Firma se mat engem spezielle Mëttel traitéiert, fir datt de Prozess vum Raschte méi lues viru geet. Ma rezent Tester hu gewisen, datt d’Bréck deels an engem ganz schlechten Zoustand ass. Dowéinst hu Ponts et Chaussées de Gemengeresponsabel geroden, se ze spären. D’Gefor, datt d’Bauwierk an ee Koup fält, wier awer net den Haaptproblem, esou den DP-Schäffe José Lopes.

Aus Sécherheetsgrënn bleift déi Dikrecher Ficelles-Bréck länger zou
Well déi stole Seeler verrascht sinn, ass d’Ficessles-Bréck zu Dikrech gespaart. D’Gemeng hofft op ee séiere Provisorium.

“Also d’Gefor ass éischter, datt wann do een driwwer geet an ee vun deene Kabele géing baschten, datt een de Kabel op de Kapp kritt. Dat ass éischter d’Gefor, d’Gefor, datt déi ganz Bréck anenee stierzt, dat ass lo statesch manner eminent, als Risk.”

Zu Dikrech ass d’Ficelles-Bréck gespart (Reportage Marc Hoscheid)

Gemeng fuerdert Provisorium nach fir dës Woch

D’Gemeng fuerdert, datt nach virum Enn vun der Ouschtervakanz ee Provisorium a Form vun enger Pontons-Bréck en place gesat gëtt.

“Mir hunn natierlech de Problem, datt déi Bréck net nëmmen eng Funktioun fir de Quartier Sauerwiss huet, mee och eng Fonction desserte fir dee ganze Campus Merten. Hei trëppele moies Honnerte Schüler driwwer a mëttes rëm zeréck. Mir wollten u sech, datt wann d’Schoul rëm un ass, mer de Provisorium, sou wéi mer en hei zu Dikrech aus der Zäit kennen, wéi d’Stenge-Bréck frësch gemaach gouf, schonn hätten. Mir kruten awer leider nach kee Retour, dat hänkt warscheinlech domadder zesummen, datt Ponts et Chaussées selwer nach net wëssen, wéi séier se dat kënnen hei hinner setzen.”

An enger zweeter Phase soll dann eng richteg Bréck gebaut ginn.

“Mir kruten dat an Aussiicht gestallt, datt et effektiv do e bëssi méi sophistiquéiert Moyene ginn, wéi, ech nennen déi, déi eidel Legos- Bacen, déi u sech op d’Waasser positionéiert ginn, wou een hannenno kann driwwer goen. Do géing et méi sophistiquéiert Manéiere vum Provisorium ginn.”

Leit aus dem Quartier Sauerwiss onzefridden

Ma net nëmme Schüler si betraff.

“Mir kruten haaptsächlech vun de Leit, déi an der Sauerwiss wunnen, Feedback. An deem Sënn, datt hire Wee fir an Dikrech awer bedeitend méi laang gëtt, bedeitend méi beschwéierlech gëtt. Datt dee Confort, dee se hunn, fir iwwert déi heite Bréck kënnen ze goen, fir hei op d’Gemeng oder sief et an Dikrech selwer, bedeitend méi komplizéiert ginn ass.”

An dat dierft wuel nach eng länger Zäit esou bleiwen. Vu Ponts et Chaussées heescht et op Nofro hin, datt een dëst Joer nach net mat der Sanéierung vun der Bréck ufänke wäert an d’Aarbechte ronn ee Joer daueren dierften.

Sanéierung vun der Hëlze Bréck ausgebremst

Am Kader vum Mobilitéitsplang 2035 ass am Fong eng zousätzlech nei Vëlosbréck zu Angelduerf geplangt. Ma well elo un der Ficelles-Bréck geschafft muss ginn, kéint sech dat änneren.

“Dat muss ee consideréieren. Bis elo war den Ist-Zoustand jo, datt mer net direkt un déi heite Bréck musse goen, datt eng aner Bréck méi Sënn géing maachen. Lo muss un där heite Bréck ganz kuerzfristeg a mat enger gewësser Envergure geschafft ginn. Dat kann natierlech dorobber een Impakt hunn.”

Een Impakt wäert den Zoustand vun der Ficelles-Bréck zimmlech sécher op déi Hëlze Bréck hunn. Am Fong soll där hire Belag erneiert ginn. Mee dës Aarbechten dierften awer réischt ufänken, wann déi un der Ficelles-Bréck ofgeschloss sinn.

D’Ficelles-Bréck steet iwwregens op där Plaz, wou fréier eng Eisebunnsbréck vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg stoung.

Back to Top
CIM LOGO