PostDéi éischt Bréiwer bei de Kleesche sinn ënnerwee

Tim Morizet
Fir de Schong ze stellen, ass nach bëssi frei, mee d'Bréiwer un de gudde Mann kënnen awer scho fortgeschéckt ginn.
Déi éischt Bréiwer bei de Kleesche sinn ënnerwee
Fir de Schong ze stellen, ass nach bëssi frei, mee d’Bréiwer un de gudde Mann kënnen awer scho fortgeschéckt ginn.

An de Geschäfter ass et net ze iwwersinn an och déi éischt Beliichtungen an Dekoratioune vun Haiser weisen eis: et geet op d’Feierdeeg vum Enn vum Joer duer, mat als éischt emol dem Kleeschen.

All Joers komme bei der Lëtzebuerger Post Dausende vu Bréiwer fir de Kleeschen un. Zanter 1842, also zanter 182 Joer, kann een als Kand seng Wënsch un de Kleesche mat der Post fortschécken. Éier d‘Bréiwer da weider a Richtung Nordpol geleet ginn, gëtt dann och gekuckt, de Kanner eng kleng Iwwerraschung heemzeschécken.

Nach huet een e bëssen Zäit (bis Mëtt Dezember), fir säi Bréif an eng vun de giele Post-Këschten anzegeheien. E Stempel oder en Timber brauch een net, fir datt säi Wonschziedel am Post-Triage ukënnt. D’Isabelle Faber, d’Directrice Ressources humaines/Relations publiques, aka dem Kleeschen seng Sekretärin, weist sech begeeschtert: “Et ginn der all Joers méi. Mir haten der d‘lescht Joer 3.500. Dat Joer virdrun 2.800. Och dëst Joer hu mer schonn e ganze Koup Bréiwer kritt. Ech mengen de Breifverkéier mam Kleeschen huet Succès.

Och aus Australien, China oder Thailand gëtt emol Post un de Kleeschen adresséiert. Do brauch et eng Rëtsch Leit, déi hëllefen. U Kreativitéit, wann et ëm Kaddoe geet, feelt et bei de Klengste sécher net. “Et si besonnesch 2 Bréiwer, déi an Erënnerung bliwwe sinn. Ee Kand huet dem Kleesche geschriwwen: wann en nach e bësse Suen hätt, ob e senger Mamma kéint en neie Brëll schenken. Op deen anere Bréif huet ee Kand op d‘Enveloppe geschriwwen: to Mister a Misses Clause. Ech hunn déi “gender diversity”, déi do erakënnt, ganz flott fonnt.”, seet d’Isabelle Faber.

D‘Kaddoslëschte sinn - bei esou muncher engem - relativ laang. D‘Wënsch ginn ëmmer méi digital. Ma d‘Klassiker ewéi d‘Poppen an de Lego bleiwe beléift.

Iwwregens krut de Kleeschen dëst Joer och e Kaddo. An zwar hu Kanner aus dem ganze Land Biller fir hie gemoolt. Dem Gewënner säi Bild, dat vum Jules Apel, koum dann elo och als Timber eraus.

Domat ass hie warscheinlech dee jéngste Kreativen, dee jee en Timber fir d‘Post gemaach huet”, erkläert d’Isabelle Faber. D‘Timbere kann een och am Postbüroe kafen. De ganzen Erléis geet direkt un eng Charitativ Oevre zu Lëtzebuerg fir Kanner an Nout.

Vum 16. bis nach de 24. November an der Stad a vum 26. bis den 8. Dezember zu Dikrech ass an der Kathedral, respektiv an der Kierch, eng Ausstellung ronderëm d‘Geschicht vum Kleeschen.

Back to Top
CIM LOGO