3. a leschten Dag StaatsvisittDéi militäresch Kooperatioun stoung am Fokus

Diana Hoffmann
Um drëtten a leschten Dag gouf déi lëtzebuergesch-belsch Zesummenaarbecht vun der Arméi ënnerstrach.

Duerch e klengt Gebai geet een op der Base aérienne zu Melsbroek eran, fir, nodeems een duerch eng onscheinbar Dier gaangen ass, an engem risegen Hangar ze landen. An dësem stinn 3 Fligere vun der belsch-lëtzebuergescher Flott vun am ganzen 8 Transportfliger.

Presentéiert gouf dem Grand-Duc Henri an dem Kinnek Philippe en Donneschdeg de Moien awer net de lëtzebuergeschen A400M, mee eng vun de belsche Maschinne. Déi Lëtzebuergesch ass nämlech grad an der Maintenance.

3. Dag Staatsvisitt an der Belsch: Déi militäresch Kooperatioun stoung am Fokus
Um drëtten a leschten Dag gouf déi lëtzebuergesch-belsch Zesummenaarbecht vun der Arméi ënnerstrach.

Iwwerrascht huet dann, dass och de Lëtzebuerger Policehelikopter am Hangar ze gesi war. “Et ass en Deel vun deem Ganzen”, huet d’Ministesch vun der Defense, Yuriko Backes, virun der Press erkläert. Den Helikopter wier am Budget vun der Defense verbucht. Et hätt een dee wuel wéilten haut dem Kinnek an dem Grand-Duc weisen. Méiglecherweis wieren d’Belsch awer och un deem Typ vun Helikopter interesséiert, heescht et um Bord vun der Visitt.

Bei e puer vun den Zaldoten op der Plaz, wou e Stand vum Service de Deminage ageriicht war, war dann och de Lëtzebuerger Fändel op der Uniform ze gesinn. “Dat ass eng Kollaboratioun, déi schonn zanter Jore leeft, wou eis Demineuren hei weider ausgebilt ginn”, huet d’Ministesch ënnerstrach. Nom déidlechen Incident zu Lëtzebuerg um Waldhaff 2019 wier och kloer ginn, dass ee misst weider an d’Infrastrukturen investéieren.

No der Visitt vum Loftstëtzpunkt goung et da relativ schëtzeg weider op Léck. Hei goung et op der Uni an engem Seminaire ëm de Sujet “Sécherheet an Defense, Erausfuerderungen an an aus dem Weltall”. Um Programm stoung dann och nach ënner anerem de Palais des princes évêques.

Fir 14.30 Auer war dann d’Cérémonie de départ virgesinn. D’Leit, d’Militär an d’Musek stounge scho prett. Ma déi kinneklech an déi groussherzoglech Koppel hunn e bëssi op sech waarde gelooss. Dono hu si sech awer Zäit geholl, fir kuerz mat de Leit ze schwätzen. Mat Verspéidung goung d’Zeremonie da lass, a géint 15.30 Auer ass déi groussherzoglech Koppel an den Auto geklommen, fir nees zréck op Lëtzebuerg ze fueren.

Back to Top
CIM LOGO