
An dat virun allem bei den Drogekontrollen, huet d’Lydie Polfer betount:
“Sief dat op der Gare oder an der Uewerstad oder Plazen, wou den Drogenhandel sech opgedeelt huet an nei organiséiert huet. Dat huet vill mat verschiddenen Haltestelle vum ëffentlechen Transport ze dinn. Zum Beispill d’Stäreplaz, wou den Handel sech ronderëm organiséiert huet.”
Do misst sécherlech méi konsequent kontrolléiert ginn, sot d’Buergermeeschtesch. E Punkt, deen ee begréisst ass deen, datt d’Police verstäerkt intervenéiert ass, fir Leit aus Entréeë vu Gebaier ewech ze huelen :
“Eleng vum 15. Januar un ass d’Police an 197 Fäll intervenéiert an dat ass ganz wichteg a muss och esou weider goen.”
Begréisse géif een och, datt wann am Mee iwwer 90 nei Poliziste vereedegt ginn, e gudden Deel dovun an d’Stad kéimen. Wichteg wier et der Stater Buergermeeschtesch no awer och, sech mat all den Acteuren zesummen un en Dësch ze setzen, fir no weidere Léisungen ze sichen. Nieft der Police wier dat och d’Justiz an d’sozial Institutiounen. D’Policepresenz eleng géif net duergoen, fir verschidde Problemer an de Grëff ze kréien, huet d’Lydie Polfer zouginn.