
An der Rue de Schouweiler hat de Mann d'Kontroll iwwert seng Maschinn verluer. Hie krut fir d'éischt e Stroosseschëld ze paken, duerno ass hie mat engem geparkten Auto kollidéiert.
Den 41 Joer ale Mann vu Käerjeng koum schwéier blesséiert an d'Spidol, wou hie kuerz drop u senge schroe Verletzunge gestuerwen ass.
D'Police sicht no Zeien
Jiddereen, deen den Accident gesinn huet, soll sech bei der Déifferdenger Police um 244 53 1000 oder op Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu mellen.
D'Police ermëttelt op Uerder vum Parquet wéinst engem weidere schwéieren Accident e Samschdeg am Nomëtteg zu Réiden. Eng Automobilistin hat Zeienaussoen no e Stoppschëld ignoréiert an ass op enger Kräizung mat engem Bus aneneegerannt. D'Fra gouf mat schwéiere Blessuren an d'Spidol bruecht.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Gefierer fir d'Enquête sécher gestallt.
RTL-NEW: Schwéier Blesséierte bei Accident tëscht Auto a Bus zu Réiden op der Atert