
Op der Kräizung mat der Rue Michel Thilges an der Avenue du 31 Aout 1942 huet en Automobilist d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, huet eng kleng Mauer duerchbrach an ass an e Gitter gerannt.
Souwuel de Chauffeur wéi och de Bäifuerer hu misse vun de Rettungsdéngschter behandelt ginn. De 57 Joer ale Fuerer ass awer nach op der Plaz gestuerwen.
De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d’Plaz geruff.

Kuerz no 22 Auer e Samschdeg den Owend huet op der Autobunn tëscht Lalleng a Schëffleng en Auto gebrannt. Hei gouf kee verwonnt.
Op der Autobunn a Richtung Péiteng ass de Sonndeg de Moien um 7.30 Auer en Auto accidentéiert. Dobäi goufe 5 Persoune liicht verwonnt. Dat mellt de CGDIS.