
Zum déidlechen Tëschefall koum et en Donneschdeg géint 12.20 Auer. E Mann war hei vun engem Zuch erfaasst ginn. En ass kuerz drop u sengen uerge Blessure gestuerwen.
D’Spueresécherung vun der Police war op d’Plaz geruff ginn.
Wéinst deem Tëschefall war d’Zuchlinn 10 dann och fir e puer Stonnen tëscht Dummeldeng an der Stad a béid Richtunge fir den Trafic gespaart. Och d’Barrière zu Dummeldeng war zou, wat deementspriechend och Repercussiounen op den Trafic hat.
D’CFL haten an engem Schreiwes matgedeelt, dass vu 16.30 Auer un den Zuchtrafic sech nees misst normaliséieren.
D’CFL freet d’Leit, fir sech op www.CFL.lu oder op der App vun der Bunn iwwer Detailer ze informéieren.
Suite à l’incident nécessitant les services de secours à Dommeldange, la circulation des trains entre Luxembourg et Dommeldange pourra reprendre progressivement à partir de 16h30, selon les dernières informations. Néanmoins quelques retards et suppressions pourraient encore survenir.
Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter la recherche horaire sur le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.