
Wéi d’Police schreift, hätt sech am Laf vun den Ermëttlungen erausgestallt, datt de Verdächtege scho fréier wéinst Déifställ a Butteker opgefall war. Nodeems de Parquet informéiert gouf, huet dësen ordonéiert, den Déif festzehuelen.
De Verdächtegen hat en Donneschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Abréch zu Wolz an zu Esch
Donieft mellt d’Police nach een Abroch um Mëttwoch den Owend an een an der Nuecht op en Donneschdeg.
Zu Wolz war et engem Abriecher e Mëttwoch den Owend gelongen, an en Eefamilljenhaus an der Montée des Écoles ze kommen. Wärend hien eng Partie Schief duerchwullt huet, gouf de Brigang allerdéngs vun engem Awunner iwwerrascht, wouropshin hie mat de geklaute Saache geflücht ass. Nieft enger Tablett goufen och Bijoue matgeholl.
Zu Esch sinn iwwerdeem zwee bis ewell onbekannt Täter an e Lokal an der Avenue du Rock’n’Roll um Belval agebrach. Si hunn all d’Raim duerchsicht ier si konnte flüchten.
A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz.