
Éischten Informatiounen no, so hei e Jugendleche vun zwee onbekannte Jugendlechen beklaut gi sinn. Hie krut seng Jackett, säin Handy a seng elektresch Trottinett ofgeholl. Am Kader vun enger Sich, konnt d’Police d’Trottinett erëmfannen. Weider Ermëttlungen an deem Fall lafen.
E Sonndeg an de fréie Moiesstonnen koum et dann zu enger gewalttätegen Iwwerfall, dat an der Rue de Strasbourg am Garer Quartier vun der Stad. Hei soll d’Affer vun engem Mann an e Gespréich verwéckelt gi sinn a kuerz drop opgefuerdert gi sinn, him Geld ze ginn. Kuerz drop huet den Täter de Mann op de Buedem gestouss an him säi Portmonni geklaut. Ermëttlungen goufen ageleet.