
Um Dënschdeg gouf gläichzäiteg op zwee Ministèren, bei Gemengen, Entreprisen a Privatleit perquisitionéiert. No de Recherchë geet et ëm ronn 200 Dossieren. Am Ganze goufen an de leschten dräi Joer 27 Perquisitioune gemaach. De Parquet kritiséiert dobäi, datt den Austausch vun Informatioune mat de Verwaltungen duerch déi aktuell gesetzlech Reegelen ze limitéiert wier.
D'Affär werft vill Froen op. Wéi konnt e méiglecht System mat gefälschten Diplomer, Aarbechtskontrakter a Visaen iwwer Jore funktionéieren? De Deputéierte vun de Piraten Sven Clement:
"Wa mer vun Diplomer schwätzen, schwätze mer héchstwarscheinlech vu qualifizéierter oder um Pabeier qualifizéierter Immigratioun. Dat heescht, mir schwätzen net vu Leit, déi iwwert de Statut vum Flüchtling op Lëtzebuerg kommen, mee vu Leit, déi iwwert de Wee vun engem Visa op Lëtzebuerg kommen. [...] Dat heescht, do gesinn awer verschidden Etappen op verschiddene Ministèren, déi jo hätte missten Alarm schloen. Et fänkt beim Educatiounsministère u, bei der Homologatioun vun Diplomer. [...]Déi zweet Fro stellt sech bei der Demande vun der Autorisation de séjour temporaire. Dat ass d'Direction de l'Immigration. Dat ass da mëttlerweil den Intérieur. Wou jo dee ganzen Dossier muss gekuckt ginn. Do stelle sech fir mech dann och scho Froen, dat mussen der jo fiktiv Aarbechtskontrakter gewiescht sinn. Sou liesen ech zumindest den Dossier bis elo. An da kënnt jo den drëtte Safeguard. Dat ass u sech den Ausseministère mat sengen Ambassaden. [...] Dat heescht, mir hunn hei u sech dräi Ministèren. déi op dräi verschiddenen Niveauen entweeder hir Kontrollflicht net gemaach hunn. Oder wéi an engem Schwäizer-Käse -Modell wierklech d'Lächer sech onglécklech alignéiert hunn."
De Parquet selwer huet an engem Communiqué och de schwieregen Austausch vun Informatiounen tëscht Justiz a Verwaltungen kritiséiert. Zanter Mee gëtt et zwar en neit Gesetz, mee dat gëllt just fir verschidde Strofdoten. Korruptioun oder Blanchiment falen zum Beispill net dorënner. Et ass eng Diskussioun, déi zeréckgeet op déi sougenannten Jucha-Datenbank vun der Justiz a wéi dës dierft benotzt ginn. Dat hat an der leschter Legislaturperiod fir vill Diskussiounen gesuergt, erkläert déi fréier Justizministesch an elo Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson.
"An ech hat am selwechte Kontext am Jucha-Projet de loi och eng Dispositioun mat erabruecht, dat och eng Neierung war, fir ze soen, dass och wann eng Enquête leeft, dass den Employeur kann informéiert ginn. Elo weess ech guer net, ob mer an deem heite Cas de figure sinn oder net. Ech weess, wéi gesot, keng Detailer. Dat war an enger éischter Phas eng ganz generell Dispositioun, déi och op vill Kritik gestouss ass, souwuel an de Reien vun der Chamber, wéi awer och um Niveau vum Staatsrot, wou deen Artikel mat enger ganz zolitter Oppositioun formelle beluecht gi war, well gesot ginn ass, et wären net genuch Garantien, et géif ze wäit goen. Doropshin ass den Text nach eng Kéier amendéiert ginn."
Den zweete Volet vun dem Gesetzprojet ass effektiv elo am Mee 2026 eréischt gestëmmt ginn mat eben Restriktiounen. Also wéi gesot däerfe verschidden Informatiounen net an all Cas de Figure ausgetosch ginn. Notamment net wann et ëm Blanchiment, Korruptioun, Abus de faiblesse, Detournement, Faux et Usage de faux geet.
"Mir haten och nach en Echange mam Parquet an der Kommissioun. Ech denken, dass et sënnvoll ass, sech elo nach eng Kéier déi Froen do ze stellen, wann effektiv et nach ëmmer Empêchementer ginn, fir uerdentlech ze kommunizéieren. [...] Da musse mer op alle Fall eis déi Fro stellen an dann den Text gegebenenfalls nach eng Kéier upassen, fir effektiv vläicht op dat zréckkommen, wat ursprénglech geplangt war an deem Text, deen ech deposéiert hätt, dat heescht, dass déi Méiglechkeet muss kënne bestoen bei all Crime et délits."
Och d'DP-Deputéiert Carole Hartmann gesäit Handlungsbedarf, wa sech confirméiert, datt den Dateschutz den Enquêteuren effektiv am Wee stoung.
"Wann et effektiv elo sou ass, dass do verschidden Informatiounen elo net vun d'Verwaltunge kënne gi ginn, duerch den Dateschutz am Kader vun enger esou grousser an importanter Affär, sinn ech schonn der Meenung, dass mer hei musse kucke wéi et iwwregens och vum Parquet schonn eng Zäit gefrot gëtt, dass mer hinnen hei mat der néideger Rechtssécherheet a mat engem Kader och fir de Schutz vun de privaten Donnéeën déi Moyen de procédure och ginn, fir datt si hir Aarbecht am Strofvollzuch och sou gutt et geet, leeschten."
Iwwer déi konkret Virwërf wëllen d'Politiker sech de Moment net äusseren. Fir si gëllt et elo fir d'éischt, d'Resultater vun der Enquête ofzewaarden.