D'Reaktioune vun de Politiker op d'Resultat vum éischten Deel vum Politmonitor en Dënschdeg si ganz ënnerschiddlech. Gefrot goufe Sympathie-, Kompetenz- a Bekanntheets-Wäerter, souwéi och d'Zoustëmmung fir d'Regierung.
Den Tripartite-Accord konnt dem Luc Frieden net an d'Kaarte spillen. Sympathie-, Kompetenz- a Bekanntheets-Bewäertung bleiwen, fir e Premier, niddreg. Hie bleift am Klassement, wéi schonn zejoert, op der 12. Plaz.
Den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet uerdent d'Situatioun wéi follgend an: "Dem Premier seng Zuele si jo awer och no uewe gaangen. Ech denken, dass d'Auswierkunge vun der Tripartite eréischt an den nächste Méint spierbar sinn. Den Accord gëtt elo an der Chamber ëmgesat. Bis dat bei de Leit ukënnt, wäert nach e bëssen daueren. An dofir mengen ech, sollt een elo där Saach Zäit loossen an net ze séier Conclusiounen zéien."
D'Politiker vum Koalitiounspartner DP schneiden do mat 4 Leit an den Top 10 besser of.
Fir d'DP-Parteipresident Carole Hartmann ass et awer virun allem wichteg, wéi déi ganz Regierung bei de Leit ukënnt: "Firwat d'Leit deen een oder anere Kapp méi kompetent oder méi sympathesch fannen, dat ass eng Fro, déi der de Leit musst stellen. Dat wat wichteg ass, ass d'Gesamtaarbecht vun der Regierung. Mir sinn en Deel vun där Regierung an et ass fir eis wichteg, dass déi ganz Regierung och d'Zoustëmmung vun de Bierger kritt. A wa mer déi nach net voll hunn, da sollte mer weider dorunner schaffen, fir déi Reformen ëmzesetzen, déi mer eis virgeholl hunn."
49 Prozent vun de Leit, déi gefrot goufen, sinn da mat der Aarbecht vun der Regierung zefridden. Ee Prozent méi wéi zejoert.
Fir d'Sam Tanson, Spriecherin vun déi Gréng, wier d'Zefriddenheet vun Leit mat der Regierung nach ëmmer net ganz grouss: "Et gesäit een, dass weiderhi keng ganz grouss Satisfaktioun besteet, wat d'Zoustëmmung zu der aktueller Regierungspolitik ubelaangt. Dat verwonnert elo net. Et gesäit een och, dass trotz enger gelongener Tripartite, wou en Accord fonnt gouf, d'Regierung net wierklech dovu schéngt ze profitéieren."
Déi gréisstendeels onverännert Resultater weisen awer och, dass d'Oppositioun net konnt punkten an de leschten 12 Méint.
D'LSAP-Parteipresidentin Maxime Miltgen ass awer vun der Aarbecht, déi bei de Sozialiste gemaach gëtt, iwwerzeegt: "Mir maachen net nëmme Politik mat Käpp, mee virun allem op den Inhalter. Dat ass ebe méi e laangwierege Prozess, un deem mer am Moment schaffen a gutt weiderkommen. Do weise sech d'Resultater e bëssi méi spéit, mee mer si ganz zouversiichtlech, dass dat seng Friichte wäert droen."
Fir den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup, sollt een de Sondage net iwwerbewäerten: "Mir wëssen, dass mer bei Walen ëmmer vill vill besser ofschneiden, wéi bei deene Froen, déi d'Leit gestallt kréien. Dat ass eng Realitéit."
En änleche Point mécht och den David Wagner vun déi Lénk: "Ech kenne Politiker, déi ech perséinlech sympathesch fannen, mee ech géing ni fir se wielen, well se eng ganz aner politesch Approche hu wéi ech."
Fir de Marc Goergen vun de Piraten, schéngt iwwerdeems scho festzestoen, wien den nächste Premier gëtt: "Wann een dann nach eng Kéier mam Sondage vun de Parteie vergläicht, da mierkt een, dass d'nächst Kéier alles op Gambia 3.0 erausleeft. Dass de Xavier Bettel warscheinlech erëm wäert den nächste Premier ginn. Dat ass dat, wat ee kann aus den Tendenzen erausliesen. D'CSV muss sech immens ustrengen, wann se do nach wëllen d'Kéier kréien."