
Fir géint de Friddensaccord tëschent den USA an dem Mullah-Regimm ze demonstréieren, hu sech e Mëttwoch am fréien Nomëtteg eng zwou Dosen Exil-Iraner vu Lëtzebuerg an aus Däitschland virun der US-Ambassade um Lampertsbierg versammelt. Si sinn domat engem Protestopruff vum Reza Pahlavi, dem Jong vum leschten iranesche Schah, nogaangen.
De Reza Pahlavi wollt domat op d'Mënscherechtslag am Iran opmierksam maachen. An och wann d'Demonstranten eegenen Aussoen no generell géint Krich sinn, esou gesi si awer ouni militäresch Ënnerstëtzung vun den USA kee Wee fir e fräien Iran.
"Das islamische Regime hat uns mehrere Male gezeigt, einfach mit einer Demo auf die Strasse kommen, bringt nichts. Die haben am 8. und 9. Januar über 40.000 Menschen umgebracht", sot den Initiateur vun der Maniff, de Reza Tamizkar, um RTL-Mikro.
Den iranesche Regimm hat am Januar dëst Joer déi bis ewell gréisst Protestwell zënter der Grënnung vun der Islamescher Republik bluddeg néiergeschloen.