SAMU am AsazDräi Blesséierter bei Autosaccident tëscht Biermereng a Munneref

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Biermereng a Munneref koum et am fréien Owend e Mëttwoch zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei där dräi Persounen blesséiert goufen.
© CGDIS

Um 17:25 Auer e Mëttwoch koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um CR152 tëscht Biermereng a Munneref, dobäi goufen dräi Leit blesséiert. Op der Plaz waren de SAMU an d'CGDIS-Ekippe vu Schengen, Réimech, Mäertert an Diddeleng.

E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et zu Mäerzeg an der Nuecht um 12:49 Auer. En Auto ass hei an eng Mauer gerannt, am Asaz waren déi lokal Secouristen an d'Ekippen aus der Nordstad.

Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg koum et zu dräi weideren Accidenter am Stroosseverkéier, dat tëscht dem Schumannseck a Bidscht, tëscht Viichten a Groussbus an och nach eng Kéier zu Mäerzeg. Allerdéngs ass hei keng Persoun zu Schued komm.

De CGDIS mellt weider véier Bränn uechter d'Land, ma och hei gouf et keng Blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO