Zanter en Donneschdeg sëtzen awer nees 60 Deputéiert um Krautmaart, well de Ricardo Marques säin Eed geleescht huet. Den 31 Joer jonke Diplom-Psycholog gouf bei de Walen d’lescht Joer Fënneften op der CSV-Lëscht am Osten. De Gemengeconseiller vun Iechternach ass nom Félix a Liz Braz réischt deen drëtten Deputéierten an der Geschicht vum Grand-Duché mat portugiseschen Originnen. De Ricardo Marques gesäit sech selwer als Member vum soziale Flillek vun der CSV a wëll sech besonnesch mat der Santé mentale beschäftegen.
Géint 14.10 Auer war et sou wäit, de Riccardo Marques war dee Moment offiziell an der Chamber ukomm. Et ass den tëschenzäitlechen Héichpunkt vun enger politescher Karriär, déi 2017 zu Iechternach ugefaangen huet. Deemools gouf de Ricardo Marques e bëssi iwwerraschend an de Gemengerot gewielt, 2020 gouf hien esouguer Schäffen. Dobäi wollt hien am Fong guer net mat op d’CSV-Lëscht.
De Ricardo Marques:
“Et war net sou einfach fir mech ze soen, jo ech gi mat, well ech zu deem Zäitpunkt nach zu Paräis studéiert hunn a spéider do geschafft hunn. An ech sot, et mécht jo awer kee Sënn, datt ech mech grad lo nach engagéieren, wann ech net do sinn. An dat war extrem interessant, well den deemolege Buergermeeschter Yves Wengler hat mech gefrot an e sot, ‘mee Ricardo, iergendee muss awer Leschte ginn op där Lëscht’. An dat huet hien net negativ gemengt, hien huet dat ganz positiv gemengt, well effektiv, mir brauche jiddereen op enger Lëscht an och dee Leschten erlaabt et deen Éischten, ee gutt Resultat ze maachen.”
De Ricardo Marques gouf um Weltdag vun der mentaler Gesondheet vereedegt. Dat passt, well hien ass geléierte Psycholog a wëll ebe grad op deem Dossier schaffen. Virun allem bei der Preventioun misst een usetzen.
“Et ass an de Grondschoulen, wou een heiansdo scho muss ufänken, awer och scho virdrun an de Crèchen an de Maisons-relais. Et ass do, wou d’Kanner sinn. An ee Kand existéiert net eleng, ee Kand existéiert ëmmer an engem Ëmfeld an et ass wichteg, dat Ëmfeld mat an déi Diskussiounen eranzehuelen. Well sou vill Acteure si ronderëm d’Kanner, mee déi wichtegst Acteure sinn d’Elteren. D’Eltere sinn d’Experte vun hire Kanner an et ass wichteg, dat ganzt Ëmfeld vun engem Kant mat eran ze huelen.”
De Glawe spillt am Liewe vum 31 Joer ale Politiker duerchaus eng Roll. Chrëschtlech Wäerter, wéi sengem Nächsten ze hëllefen, sollten am Alldag gelieft ginn. An och dat Soziaalt läit dem Ricardo Marques um Häerz.
“Ech denken duerch ee Ricardo Marques gëtt de soziale Fligel vun der CSV total gestäerkt. Dat ass wierklech ee Profil, deen ech hunn an ech freeë mech drop, sozial Themen ze besetzen an do mäi Pefferkär bäizeleeën. Ech denken awer och, datt den C nach ëmmer immens present ass an eiser Partei. Natierlech gëtt dat ëmmer gechallenged, den C, den S an de V ginn ëmmer gechallenged bei eiser Partei.”
De Ricardo Marques huet esouwuel déi Lëtzebuergesch wéi déi portugisesch Nationalitéit, béid wieren Deel vu senger Identitéit. Datt hien eréischt deen drëtten Deputéierte mat portugiseschen Originnen ass, wier vläicht drop zeréckzeféieren, datt den Androck entstanen ass, datt d’Politik wäit vun där Communautéit ewech wier. Dat wéilt hien änneren hëllefen.