Police deelt matDen 53 Joer alen Daniel Marcon gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, géif d'Persoun schonn zënter dem 23. Juni 2026 vermësst ginn.
© RTL/Police

Den 53 Joer alen Daniel Marcon gëtt zënter en Dënschdeg 23. Juni vermësst. Wéi et heescht, soll hie moies um 06h20 Auer fir déi leschte Kéier gesi gi sinn.

D'Persoun déi gesicht gëtt ass tëscht 1,70m an 1,80m grouss, huet eng korpulent Statur, schëllerlaang gro Hoer a brong An.

Indicen op den Openthalt vun der vermësster Persoun si fir d'Police vu Käerjeng a Péiteng, dat um (+352) 244 56 1000 oder per Mail op police.bascharagepetange@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO