Ponts et chaussées deele matTatsächlech Ursaach fir "Damp" an an ëm den Tunnel Grouft elo fonnt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war am Tunnel Grouft déi lénks Spuer a Richtung Norden no Aarbechten um Ventilatiounssystem nees fir den Trafic opgaangen. Ma kuerz drop war d'Streck wéinst enger "Dampentwécklung" schonn nees gespaart ginn.
Déi zwou Spueren am Tunnel Grouft Richtung Norden, sinn nees fir den Trafic op, nodeems méintelaang déi lénks Spuer gespaart war.
Déi zwou Spueren am Tunnel Grouft Richtung Norde sinn nees fir den Trafic op, nodeems méintelaang déi lénks Spuer gespaart war.
© RTL Mobile Reporter

Nodeems fir d'éischt geduecht gouf, Stëbs op der Spuer, déi esou laang onbenotzt war, wier schold um Damp an a virum Tunnel Grouft, konnt elo wuel den tatsächlechen Ausléiser fonnt ginn.

Wéi et en Donneschdeg de Moien an engem Update vu Ponts et chaussées heescht, koum de Stëbs - anescht wéi e Mëttwoch nach geduecht - net aus dem Tunnel. Ier den Tunnel a Richtung Norden nees komplett opgaangen ass, war en u sech och grëndlech gebotzt ginn, wat Zweiwel un der Hypothees vum stëbsegen Tunnel opkomme gelooss huet. D'Fuerbunn wier virun der Fräigab fir den Trafic ganzer dräimol gekiert a gebotzt ginn, preziséieren d'Ponts et chaussées.

Tatsächlech Ursaach fir "Damp" an an ëm den Tunnel Grouft elo fonnt
E Mëttwoch war den Tunnel Grouft a Richtung Norden no Aarbechten nees fir den Trafic opgaangen. Ma kuerz drop war d'Streck nees zou.

Tatsächlech wier de Stëbs net aus dem Tunnel selwer, ma vun engem Chantier ganz an der Géigend komm, hu Ponts et chaussées géigeniwwer RTL en Donneschdeg matgedeelt: "Déi wierklech Ursaach ass e Chantier, deen no beim Tunnel Grouft ass an deen enorme Stëbs generéiert huet, deen da vum Wand a vum Faartwand vun de Gefierer an den Tunnel matgezu gi sinn." Well de Stëbs esou réng war, wier e laang an der Loft bliwwen an hätt esou visibel Wolleke bilde kënnen.

D'Ponts et chaussées haten en Austausch mat der concernéierter Firma, déi de Chantier bedreift a si hätten zougestëmmt, déi "néideg Mesuren ze ergräifen", fir esou eng "massiv Stëbsbildung" an Zukunft ze verhënneren. Dozou géif zum Beispill och reegelméissegt Netze gehéieren, heescht et vun der Administratioun.

Back to Top
CIM LOGO