
Zu Clierf huet et en Donneschdeg den Owend no 23 Auer an der Grand-rue an engem Appartement gebrannt. Zwou Persoune goufe verwonnt, mellt de CGDIS. 4 Pompjeescorpsen waren am Asaz.
No 17 Auer waren am Rollengergronn zwee Ween net laanschtenee komm. Bei deem Accident goufen zwou Persoune verwonnt.
Zu Märel sinn um 18:40 Auer an der Lonkecher Strooss och zwee Autoe kollidéiert, eng Persoun gouf verwonnt.
No 19 Auer gouf et dann nach eng Kollisioun op der A3 Richtung Metz, wou e puer Gefierer dra verwéckelt waren. Heibäi goufen och zwou Persoune verwonnt.