
Am Kader vun der Hëtzt elo iwwert d'Summer-Méint rappeléiert d’Santé drun, dass e Suivi assuréiert gëtt vu Leit, déi iwwer 75 Joer al sinn, eleng wunnen an net vun der Fleegeversécherung profitéieren. Si kënne sech weiderhin aschreiwen, dass e Service vu Soins-à-domicile gratis Visitte maache kënnt. Bis ewell hätten dat scho ronn 540 Leit gemaach.
Och Leit, déi bei hirer éischter Visitt eng Verzichtserklärung ënnerschriwwen haten, well e Familljemember eigentlech reegelméisseg no hinne kucke kéim a wärend der leschter Hëtztwell gemierkt hunn, dass si awer méi Ënnerstëtzung bräichten, kënne sech nach emol un d'Rout Kräiz wenden. Dat iwwer Telefon um 2755, méindes bis freides tëscht 8 a 17 Auer oder per Mail u canicule@croix-rouge.lu.
D'Coordinatioun vun de Visitte geréiert d'Croix-Rouge zesumme mat der COPAS.
Bei Symptomer wéi engem Malaise, ongewéinlecher Middegkeet, Schwindel, Kappwéi, Konfusioun oder Féiwer recommandéiert d'Santé iwwerdeem direkt den 112 unzeruffen.