RIPDen André Reichling ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Militärmusek ass an déiwer Trauer - mam André Reichling ass ee vun de laangjärege Cheffe vun der Militärmusek verscheet.
© RTL-Archiv

De Lieutnant-Colonel André Reichling ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen. Hie war tëscht 1986 an 2011 Dirigent vun der Musek, huet 1.200 Concerten mat dëser dirigéiert a war de Virgänger vum aktuelle Chef Jean-Claude Braun. Den devouéierte Museker war gebierdeg vun Déifferdeng/Fuussbann a war - éier hien Dirigent gouf - Trompettist am Ensemble vun der Militärmusek. Seng Etüden huet den André Reichling am Escher Conservatoire (1969-1984) an um Bréisseler Conservatoire Royal (1978-1985) gemaach.

Den André Reichling war net nëmmen Dirigent, mä och Arrangeur a Komponist; sou ënnert anerem vun der offizieller Nato-Hymn, déi 1989 am Kader vum 40. Anniversaire vun der Nato verfaasst gouf. Am Ganze sinn 30 Enregistrementer (CDen) ënnert senger Leedung entstanen.

Virum André Reichling war de Pierre Nimax Senior de Chef vun der Militärmusek.

De leschte Concert deen den André Reichling viru senger Pensioun dirigéiert huet war am Mäerz 2011 am Cube 521 zu Maarnech.

PDF: Bulletin vun de Frënn vun der Militärmusek ASBL (2011)

Back to Top
CIM LOGO