
Op RTL-Nofro sot den CSV-Fraktiounschef a fréieren LCGB-Generalsekretär Marc Spautz:
“Ech stinn honnertprozenteg zum Sozialdialog. Dat ass d’Basis vum Lëtzebuerger Erfollegsmodell, dee mer hunn. A Kollektivvertragspolitik gëtt et zu Lëtzebuerg zanter 1936 mat engem Gesetz a 1965 ass e Gesetz bäikomm. An ech sinn och dovun iwwerzeegt, datt den Aarbechtsminister zesumme wäert mat de Gewerkschaften, wann elo dat alles sech erëm e bësse geluecht huet, datt si dann och déi Léisung wäerte fannen, déi wäert am Interêt si vun all de Schaffenden an och am Interêt vum Lëtzebuerger Sozialmodell.”
En Dënschdeg war et tëscht dem Aarbechtsminister an de Gewerkschaften an enger Reunioun vum Comité permanent du Travail et de l’Emploi (CPTE) zum Eclat komm. Do sollt iwwert en Aktiounsplang riets goen. Dat fir d’Ëmsetzung vun enger Europäescher Direktive, déi verlaangt, datt 80 Prozent vun de Beschäftegten iwwert e Kollektivvertrag ofgedeckt sinn.
An deem Kontext hat de Georges Mischo gesot, hie kéint sech net virstellen, datt d’Gewerkschaften de Monopol hätten, fir Kollektivverträg z’ënnerschreiwen, wann a villen Entreprisen neutral Delegéiert gewielt wären. Dat ass awer de Moment geltend Gesetz.