Fir 2027 geplangtKierperschaftssteier fir Betriber soll weider erofgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
Esou wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, wäert no 2025 eng weider Baisse bei der Kierperschaftssteier kommen.
Symbolbild

D’Regierung huet wëlles, fir d’nächst Joer op en Neits d’Kierperschaftssteier erofzesetzen, esou wéi dat am Koalitiounsaccord festgehalen ass. Dat, fir datt och an Zukunft Entreprisen hei wëlle bleiwen, respektiv sech wëllen hei am Land néierloossen, esou de Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Sam Tanson vun déi Gréng.

Lëtzebuerg wier schliisslech am Konkurrenzkampf mat den Nopeschlänner. Mat dëser zweeter Baisse kéim de Lëtzebuerger Taux e bësse méi no un d’Moyenne vun der OECD fir d’Besteierung vun de Betriber erun. De Premier huet weider betount, datt am Volume méi Kierperschaftssteier erakomm wier, nodeems dës 2025 schonn eng Kéier erofgesat gouf. Eng Baisse vum Taux géif deemno net automatesch zu manner Recettë féieren.

Back to Top
CIM LOGO