Nott vun Affekot un d'AMMDE Collège médical, dee Prozeduren net respektéiert, géing eege Legitimitéit a Fro stellen

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes zielt de Maître Prum all déi Saachen op, déi de Collège médical net respektéiert huet.
© Envato / Fentoroma

De Collège médical huet d’Prozeduren net agehalen. Dat steet an enger Nott, déi de Maître François Prum am Optrag vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD formuléiert huet. D’Dokument läit der RTL-Redaktioun vir. De Maître Prum, deen och den Affekot vum Dr Philippe Wilmes ass, reagéiert domat notamment op de rezente Communiqué vum Collège médical a präziséiert, datt de viséierten Dokter net vum Collège gehéiert gouf, iert den Dossier un de Gesondheetsministère weidergereecht gouf.

Derbäi kéim, datt keng onofhängeg Expertis gemaach gi wier. D’Krittäre fir eng urgent Prozedur wieren net vum Collège médical respektéiert ginn. D’Moossnam fir den Dossier d’urgence un de Ministère ze ginn, wier manifestement disproportionéiert, well keng extrem Gravitéit vun der Situatioun virgeleeën hätt. Datt d’Temoignagen anonym wieren an datt keng Expertis gemaach gouf, bewierkt an den Ae vum Affekotebüro e grave prozeduralen Desequiliber. Weider geet Rieds vun engem bedenkleche Präzedenzfall mat eventuelle Konsequenze fir de Beruff.

E Collège médical dee Prozeduren net respektéiert, géing seng eege Legitimitéit a Fro stellen, sou den Affekot. D’Wort zitéiert en Dënschdeg aus engem rezente Bréif vum Ministère un den Affekotebüro vum Dokter, an deem och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez vu prozedurale Feeler säitens dem Collège médical schwätzt. Trotz Formfeeler géing d’Ministesch awer hir Decisioun vun der Suspensioun net réckgängeg maachen, heescht et weider. Dem Dokter Philippe Wilmes - fréiere Generalsekretär vun der AMMD - gëtt jo ënner anerem virgeworf, gesond Knéien operéiert ze hunn.

PDF: Affär Wilmes: Nott vum Maître Prum un d'AMMD.pdf

Back to Top
CIM LOGO