
Um Méindegowend hat d’Luxair matgedeelt, datt eng Maschinn wéinst engem Rëss an der Scheif vum Cockpit ausserplangméisseg huet misse landen. Den Dirk Becker, Pilot a Generalsekretär vun der Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne, interpretéiert esou Virfäll als Zoufall:
“Fir eis ginn et keng Unzeechen, déi dorop hindeiten, datt ee vun engem Warnsignal schwätze misst, weder wat eng bestëmmte Fluchgesellschaft ugeet, nach e spezifesche Fliger-Typ.“
De subjektiven Androck, et géif ëmmer méi technesch Problemer ginn, deelt den Dirk Becker net. Hie gesäit d’Ursaach éischter an der Aart a Weis, wéi Informatioune sech haut verbreeden:
“Mir liewen am Zäitalter vu Social Media. Jidderee kann de Loftverkéier a bal Echtzäit verfollegen. Och kleng oder klengst Virfäll ginn direkt opgegraff, kommentéiert an an de soziale Medie verbreet.“
Dat féiert dozou, datt Evenementer, déi fréier kaum Opmierksamkeet kritt hätten, haut eng grouss Visibilitéit hunn, ouni datt sech un der reeller Sécherheet eppes geännert hätt. D’Virfäll, déi rezent bekannt goufen, si fir Piloten Deel vum normale Fluchbetrib:
“Technesch Problemer kënnen ëmmer nees optrieden. Et ka Phase ginn, wou laang näischt geschitt, an anerer, wou méi Evenementer kuerz hannereneen optrieden. Dat muss een iwwer ganz laang Zäitspanne kucken.“
Och de Fall vun enger agerasser Scheif, déi d’Luxair e Méindegowend gemellt huet, kléngt fir Laien dramatesch, ass awer en Zenario, dee ka virkommen an trainéiert gëtt.
“D’Scheiwe bestinn aus verschiddene Schichten a si speziell konzipéiert. Trotz héchster Qualitéit a reegelméissegem Ënnerhalt kann et zu engem technesche Versoe kommen.“
Fir esou Situatiounen si Piloten ausgebilt: “Dës Noutprozedure gi reegelméisseg am Simulator trainéiert. Am Fall vun enger gerassener Scheif, gëtt de Fluch ofgebrach an eng séier, kontrolléiert Landung ageleet, fir op Nummer sécher ze goen.“
Dat kann och eng ausserplangméisseg Landung bedeiten, fir all Risiko, fir Passagéier a Crew, auszeschléissen.
Fir den Dirk Becker wier et wichteg, ze ënnersträichen, datt all Decisioun am Cockpit vun engem Prinzip geleet gëtt:“Wann eng Crew decidéiert, datt et besser ass, ze landen oder ëmzedréinen, da geschitt dat ëmmer am Interessi vun der Sécherheet an de Passagéier.“
Aus senger laangjäreger Erfarung eraus, bal 30 Joer am Cockpit, bleiwe Fluchofbréch eng Ausnam: “An iwwer 17.000 Fluchstonnen hunn ech just eemol e Fluch missen ofbriechen. Dat weist, wéi seelen esou Situatiounen am Alldag vun engem Pilot sinn.“
Net d’Zuel vun de Problemer géif zouhuelen, mee d’Transparenz an d’Geschwindegkeet, mat där d’Ëffentlechkeet dovu gewuer gëtt. An dat ass am Endeffekt éischter en Zeeche vun engem Sécherheetssystem dee fonctionéiert.