Pre-Bilan vum nationale WiederdéngschtDen Hierscht zu Lëtzebuerg war ze mëll an ze naass

RTL Lëtzebuerg
Den Hierscht zu Lëtzebuerg war ze mëll, ze naass an d’Sonn huet sech verhältnisméisseg wéineg gewisen.
© AFP

Meteolux huet scho virun e puer Deeg e Pre-Bilan vum Hierscht 2024 gezunn. Déi lescht Deeg elo vum November, déi méi kal waren an an deenen d’Sonn méi geschéngt huet, kéinten de Bilan nach liicht veränneren.

Ouni dës lescht Deeg ass den November vun dësem Joer dee grooste mat der mannster Sonn, deen zanter 1947 gemooss gouf.

Ree krute mer (bis de 24. November) dësen Hierscht 43 Prozent méi, ewéi an der Moyenne. De meteorologeschen Hierscht um 1. September hu mer iwwerdeems direkt mat 30,5 Grad um Findel ugefaangen.

Liest hei de Pre-Bilan vu Meteolux

Back to Top
CIM LOGO