
Gestallt gouf déi vun den Deputéierte Bernard, Sehovic a Baum.
Den Iraner, deen antëscht net méi zu Lëtzebuerg ass, misst noweise kënnen, dass e genuch Moyenen huet, fir säi Liewensënnerhalt hei. Iwwerdeems wären d’Delaie fir juristesch Schrëtt nach net ofgelaf. Den Dossier vum Iraner Teymoorzadeh wär behandelt gi wéi all aneren, geet aus der Äntwert ervir. Och wann de Kulturminister d’Decisiounen, déi net en faveur vum Kënschtler waren, bedauert.
Fir als Bierger vun engem Drëttstaat hei zu Lëtzebuerg als Independant liewen ze dierfen, muss een dem Gesetz no eng Zomm zur Verfügung hunn, déi dem soziale Mindestloun entsprécht.
De Kënschtler hat e Kontrakt bei der Escher Kulturfabrik en vue. Ma wéi een aus der Äntwert vu Gloden an Thill erausliese kann, wär déi Beschäftegung net duergaangen, fir de virgeschriwwene Seuil z’erreechen. Vill Leit am Kultur-Secteur ware rosen iwwer d’Aart a Weis, wéi dësen Dossier vun den Autoritéite behandelt gouf.