Vum neie Joer unDen onqualifizéierte Mindestloun gëtt eropgesat

RTL Lëtzebuerg
Och betraff vun dëser Mesure sinn de REVIS an de Revenu fir Leit mat engem schwéieren Handicap.
© Domaine public

Op den 1. Januar geet den onqualifizéierte Mindestloun ëm 2,6 Prozent an d’Luucht. Domat klëmmt dee vu ronn 2.570 Euro op ëm 2.637 Euro.

Parallel gëtt och de Revenu d’Inclusion Sociale, kuerz REVIS, ëm 2,6 Prozent no uewen ugepasst, grad ewéi de Revenu fir Leit mat engem schwéieren Handicap.

Am Regierungsrot kruten déi entspriechend Gesetzprojete gréng Luucht.

Back to Top
CIM LOGO