D’Uertschafte Péiteng, Rodange, Rolleng, Lénger a Käerjeng waren deemools uerg getraff, wéi de Stuerm vu Frankräich aus iwwer Lëtzebuerg gezunn ass, mat Wandvitessen tëscht 180 an 250 Stonnekilometer. Den Tornado huet eng Streck vu 14 Kilometer zeréckgeluecht.
19 Leit waren 2019 beim Tornado blesséiert ginn, Doudesaffer goufe et wéi duerch e Wonner deemools awer keng. Dofir awer Materialschued a Milliounenhéicht. Honnerten Haiser goufe beschiedegt, bei verschiddene war de ganzen Daach mat ewechgerappt ginn. D’Versécherungen an de Staat hunn déi Concernéiert finanziell indemniséiert, ma och Privatleit hate grouss Solidaritéit gewisen.
Am spéiden Nomëtteg waren deemools déi éischt Fotoen a Videoe vum Ausmooss vum Stuerm zirkuléiert. Tatsächlech war op enger vun den Opnamen e klengen Tornado ze gesinn, dee sech op en Haus zoubeweegt huet. Op enger anerer ass aus engem Auto eraus gefilmt ginn. Géigestänn sinn an d’Pare-Brise geflunn, dat ganzt Gefier gouf vum Stuerm gerëselt.
Direkt nom Stuerm hunn d’Leit ugefaangen opzeraumen. Iwwerall hunn Äscht, Holz, Zillen a Steng d’Stroosse blockéiert. Virgäert ware verwüüst, Autoe komplett zerbëlzt, Fassaden duerch Debrise beschiedegt. Eng sëllegen Diecher waren ofgedeckt ginn. D’Avenue du Luxembourg zu Käerjeng war vum Rond-point Biff aus nach komplett gespaart. E Stroummast war ëmgekippt, sou dass eng Héichspannungsleitung iwwer d’Strooss houng.
Nieft der Hëllef vu Privatpersounen an der Indemnisatioun vun de Versécherunge goufen déi betraffen Awunner awer och vum Familljeministère mat engem Montant vun 385.000 Euro a vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng ënnerstëtzt.
Fir sech solidaresch mat de Betraffene vum Tornado ze weisen, gouf den 9. August 2022, also 3 Joer nom Tornado, zu Péiteng eng Skulptur a 5 Commemoratiounsplacken inauguréiert.
2019 war iwwerdeem net den éischten Tornado zu Lëtzebuerg. Den 3. Juni 1999 goufen d’Awunner zu Wolz an der Rue Aneschbaach vun engem Tornado iwwerrascht. Eng Rëtsch Haiser goufen dobäi schwéier beschiedegt. Um Camping Kaul goufen Zelter ewechgeblosen, Roulottë goufen duerch d’Loft geschleidert. Vill materielle Schued, awer keng Persoun gouf blesséiert. 9 Joer virdru war am Norde vum Land e weideren Tornado ënnerwee. Zu Schlënnermanescht an an der Ëmgéigend goufen eng Partie Bauerenhäff an Eefamilljenhaiser zum Deel schwéier beschiedegt. Eng 100 Beem goufen aus dem Buedem erausgerappt. Och hei ass kengem eppes geschitt.