Den US-President ass agelueden, un de Feierlechkeete fir den 80. Anniversaire vum Ufank vun der Ardenneschluecht deelzehuelen. De Commemoratiounsdag gëtt de 14. Dezember um amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm organiséiert. ginn.
Dowéinst wier een och am enke Kontakt mat den amerikaneschen Autoritéiten. Déi amerikanesch Ambassade zu Lëtzebuerg wier dobäi och ee wichtegen Intermediaire. Dat geet aus der Äntwert vum Premier Luc Frieden op eng parlamentaresch Fro vun LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo an Yves Cruchten ervir. Dorop, ob et aus dem Wäissen Haus elo awer schonn eng definitiv Zouso gouf, geet de Premier net an.
Et wär déi éischte Kéier, datt en amtéierenden US-Präsident Lëtzebuerg géing besichen. Ënnert anerem de Lyndon B. Johnson 1963 grad wéi och de George Bush Senior 1984 ware schonn emol bei eis op Visitt, dat awer an hir Funktioun als Vizepresident.
Ob de Joe Biden elo wierklech deen éischte President gëtt, dat ass nach ongewëss. Nach waart d’Regierung op eng Äntwert aus dem Wäissen Haus.