De Gros vum Bësch, dat sinn iwwer 41 Prozent, fënnt een am Éislek. Mat 36 Prozent ass de Minett awer och gutt vu Beem a Gréngs bedeckt. Allerdéngs geet et der grénger Long net esou terribel gutt. Déi laang Drécheperioden an déi grouss Hëtzt mécht de Bëscher ze schafen. Et gëllt ze reagéieren. Wat éischter, wat besser. En neit Bëschgesetz gëtt elo op den Instanzewee geschéckt, mam Zil Schutzmoossname virzegesinn.
Nieft Hëtzt a Manktem u Reen kënnt nach e weidert Probleem an d’Spill. Dat ass de Borkenkäfer. Sou ewéi am Fond-de-Gras, am Naturreservat “Prënzebierg - Giele Botter”. D’Fiichte sinn um Enn.
De Gros vun eise Bëscher bestinn aus Bichen. Dat si ronn 30 Prozent. Hannendru kommen d’Eechen an duerno d’Fiichten. Eis Bëscher kréien de Klimawandel och ze spieren a leiden dorënner.
De Bësch huet eng wichteg Funktioun. Hie filtert Loft a Waasser, stockéiert de CO2, ass responsabel fir d’Aartevillfalt an ass Erhuelungsuert fir de Mënsch. Bei jonke Bëschbestänn wär déi aktuell Situatioun allerdéngs vill manner uerg ewéi bei Eeleren.
Déi héich Temperaturen an déi domadder verbonnen direkt Sonnenastralung ass schiedlech fir d’Bëscher. Dofir wëll een an Zukunft manner ofholzen, fir d’Bëscher op déi Manéier esou zou ewéi méiglech ze halen.