"Rendez-vous aux jardins"Dëse Weekend kann ee ronn 50 Gäert a Parken uechter d'Land entdecken

RTL Lëtzebuerg
Bei annoncéiertem Fréijoerswieder maachen dëse Weekend eng 50 Parken a Gäert hir Diere fir Visiteuren op.
© RTL-Archiv

Et ass déi fënneft Editioun vun de “Rendez-vous aux jardins”.

An der Urgence vum Klimachangement bezeechent de Kulturministère d’Gäert a Parken zu méi wéi nëmme soziale Plazen, mee zu Sitte vun der Memoire an der Meditatioun - eng Ressource fir d’Erneiere vum Planéit.

Fir d’éischte Kéier mécht dëse Weekend och de Park vum Schlass zu Bierg seng Diere fir de Public op. Dësen Event ass schonn ausverkaaft. Op anere Plaze si Yoga-Sessiounen, Concerten a Fester. Ze besiche sinn donieft awer och de Peppenger Klouschtergaart, de Kraidergaart zu Äischen an de Rousegaart vum Mënsbecher Schlass.

Parallel zu dësem Rendez-vous sinn iwwerdeems och um Weekend 60 Kierchen a Kapellen ze besichen, déi soss net accessibel sinn, wéi d’Loretto-Kapell zu Klierf.

Weider Infoen zum Event an de Programm fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO