Zomm vu 74.000 €Detournement vu Sue bei Hëllefsorganisatioun vum OGBL

Roy Grotz
Betraff wier eng Hëllefsorganisatioun, déi international Projete vu Gewerkschaftsaarbecht a Bolivien, Ghana an dem Cap Vert geréiert.

“Reporter” no goufe bei engem Projet um Cap Vert Sue vun der lokaler Ex-Projet-Responsabler detournéiert, et géif ëm eng Zomm vun 74.000 Euro goen.

Dës Fra hat hei am Land eng Formatioun als Fitnesstrainerin a soll entretemps eng Immobilière zu Praia geréieren. Hei am Land enquêtéiert d’Justiz zanter Enn zejoert géint dës Persoun, nodeems eng Plainte géint si eragereecht gouf.

Zejoert huet den OGBL de Projet “Cenfos” an der Haaptstad Praia wéinst Onreegelméissegkeeten an de Konten in extremis ofgeschloss. 80% vun dësen Zomme goufe vum Kooperatiounsministère kofinanzéiert a wäerte vun “OGBL Solidarité Syndicale” och nees integral rembourséiert ginn, sou krut et Reporter aus dem Ministère confirméiert.

Wat dëse Virfall lo fir d’Weiderbestoe vun der Entwécklungshëllef-Struktur vum OGBL bedeit, ass Reporter no onkloer: d’Zouloossung, déi de Ministère mécht, leeft dëst Joer of. Ob se verlängert gëtt, ass aktuell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO