Baisse vun 38 ProzentD'Fäll vu Gripp am Land ginn zeréck

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Santé en Donneschdeg matdeelt, ginn d'Fäll vu Gripp am Land den Ament zeréck.
© AFP

D’Laboen hu vum 23. bis den 29. Dezember zejoert just nach knapps 550 Fäll deklaréiert. 38 Prozent manner ewéi d’Woch virdrun. D’Santé betount awer, dass et nach ëmmer sënnvoll wär, sech géint Influenza impfen ze loossen.

Och beim RSV-Virus a bei Covid19 ginn d’Fäll erof. Dat kéint natierlech domat ze dinn hunn, dass d’Schoulen zou sinn a vill Leit an der Vakanz sinn.

D’Santé erënnert och un d’Wichtegkeet vun de sougenannte Gestes barrières: also Hänn wäschen an d’Hand virun de Mond halen, wann een houscht.

Back to Top
CIM LOGO