Um leschten Dag e Mëttwoch, dem 1. Januar waren zefridde Forainen unzetreffen.
Déi grouss Majoritéit vun de Forainen um Chrëschtmaart ass eigentlech ëmmer un der frëscher Loft. Geneesou awer och d’Visiteuren. Deemno spillt d’Wieder fir si eng grouss Roll an entscheet, wéi de Bilan dono ausfält. De Vizepresident vun der Fédération nationale des commerçants forains, de Steve Clement, faasst zesummen:
“Mir si ganz zefridden. D’Wieder hate mer och op eiser Säit dëst Joer. Et huet bal all Méindeg gereent. An d’Weekender waren ëmmer gutt. Also mir si ganz zefridden.”
Dass et och emol méi kal war, hätt net gestéiert, d’Stad wier ëmmer voll Leit gewiescht. Hei d’Aschätzunge vun e puer Forainen.
“On peut pas se plaindre. Moi, je trouve que ça s’est bien, très, très bien passé, même au niveau du temps. On a eu quelques belles journées, on a eu même des journées ensoleillées, et a fait froid, je pense qu’il y a fait un temps exceptionnel pour nous, pour le marché de Noël.”
“Mir sinn zefridden. Mir hate vill Chance mam Wieder, d’Leit ware gutt gelaunt, mir sinn zefridden. Mir kënnen eis net bekloen.”
“Très satisfait, très satisfait, une affluence record, avec des personnes du monde entier, donc ça a été très, très bénéfique, une belle ambiance de Noël, et voilà, donc c’est une satisfaction générale, globale.”
“Oui, satisfait, comme chaque année, les clients sont là, on a toujours de bons clients, des fidèles, donc oui, satisfait dans l’ensemble, mais content de terminer.”
Zejoert waren d’Chrëschtmäert 44 Deeg laang op, bis de 7. Januar. Dat war e Rekord. Dëst Joer waren et 41 Deeg. Verschidde Forainen hätten nach gären dëse Weekend dobäi geholl, wéi de Charel Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen erkläert.
“Déi Deeg, déi hëllefen eis ganz vill. Ech menge mir Lëtzebuerger Forainen, ausser d’Schueberfouer, de Chrëschtmaart, dat anert sinn alles normal Kiermessen. Do freeë mir eis fir all Dag méi, wou mer hei kënne kréien.”
D’Majoritéit seet awer, dass se d’Decisioun vun der Stad Lëtzebuerg net géingen hannerfroen.
Generell wier dëse Chrëschtmaart en Erfolleg gewiescht an dat onofhängeg ob op der Gare, der Plëss, bei der Gëlle Fra oder op der Kinnekswiss.
Dat nächst grousst Evenement fir d’Forainen ass den Oktav-Mäertchen. Deen ass dëst Joer nees op senger gewinnter Plaz. Wéinst dem Ausbau vum ënnerierdesche Parking waren d’Stänn bei d’Gëlle Fra verluecht ginn. 2025 kënnt de Mäertchen zréck op de Knuedler.