
No iwwer 50 Joer wäert den eenzege Buttek vum Paräisser Produzent vu Miwwelen an Dekoratioun hei am Land seng Dieren den 31. Mäerz endgülteg zoumaachen.
Roche Bobois ass zanter 1989 zu Bartreng. Virdru war de Buttek vum Miwwel-Hiersteller an der Stad. Wéi d’Entreprise awer an engem Schreiwes matdeelt, géif een all d’Commanden, déi bis ewell gemaach goufen oder nach gemaach ginn, och ausféieren.
Wéi et vun de Bedreiwer vun der Lëtzebuerger Entitéit heescht, géif d’Mark Roche Bobois net ganz aus dem Grand-Duché verschwannen. “D’Mammenhaus, dat zu Paräis sëtzt, wäert d’Aktivitéit vun der Mark hei am Land direkt iwwerhuelen. Eng nei Adress an eng nei Ekipp wäerte gläich bekannt gemaach ginn”.