Déi lescht Hëtztwell huet de Gesondheetssystem an d'Rettungsdéngschter virun Erausfuerderunge gestallt. Wat huet Lëtzebuerg aus där Situatioun geléiert? Wou gouf nogebessert, a wéi gutt si mir haut op extrem héich Temperature virbereet?
Iwwer dës Froen a méiglech weider Mesurë schwätze mir e Sonndeg den Owend um 19:30 Auer live am Journal op der Tëlee mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez.