No Kritik un Enquête vu KonkurrenzautoritéitD'Handwierkerfederatioun wërft Fayot "Spekulatiounen" an "Ënnerstellunge" vir

RTL Lëtzebuerg
Esou e gepefferten oppene Bréif liest een net dacks. D'Federatioun fuerdert de Minister op, seng Aussoen zeréckzezéien oder awer Beweiser ze liwweren.
© AFP

Deen hat jo no der Enquête vun der Konkurrenzautoritéit iwwert den Immobiliesecteur am RTL-Interview ënnert anerem de Verdacht vun Ofsproochen ënnert den Entreprisen opgegraff, d’héich Margë vun de Promoteure kritiséiert an eng besser Reguléierung vum Secteur gefuerdert.

An hirem oppene Bréif schreift d’Fédération des Artisans: “An eisen Ae gouf d’Grenz tëscht objektivéierbaren Aussoen an onbaséierte Spekulatiounen an Ënnerstellungen dobäi gläich e puer Mol iwwerschratt”.

Éischtens kritiséiert se d’Vermëschung vu Bau a Promotioun, déi zu enger “Hetzjuegd” op d’Handwierk géing féieren. Schockéiert ass se dann iwwert d’Ënnerstellung, d’Baubetriber géingen d’Salairë vun den Aarbechter ënnerteneen ofschwätzen an niddreg halen. Dann zielt se eng Rei Efforte vum Secteur op, fir ebe grad géint de Manktem u Main d’oeuvre unzekommen a verweist op d’Kollektivverträg. Se freet sech, wéi ee wierklech kéint mengen, d’Betriber an d’Gewerkschafte géingen ënnert der selwechter Decke stiechen.

Wat de Virworf vum Franz Fayot ugeet, datt privat Besëtzer Terraine géingen zeréckhalen, verweist d’Handwierkerfederatioun op d’Zuel vu Wunnengen, déi de Privat-Secteur baut: 3.800. D’ëffentlech Hand géing der just 300 bauen. An deem Sënn misst ee sech froen, wien d’Terraine géing zeréckhalen? Ofgesi vum “Prozeduren-Dschungel”, deen d’Handwierkerfederatioun op en Neits kritiséiert.

D’Handwierkerfederatioun mengt, am Moment wier alles gutt, fir vun der Responsabilitéit vun “dëser Regierung” a Saache Wunnengsbau ofzelenken. Eng Regierung, déi alles gemaach hätt, fir den Invest an de Steen onattraktiv ze maachen, iwwerdeems d’Recettë vum Staat duerch d’Hausse vun den Immobiliepräisser och géinge “spruddelen”.

Am schlëmmste fënnt d’Handwierkerfederatioun d’Virwërf vun Ofsproochen: Wann et esou Fäll géinge ginn, da sollen déi ëffentlech gemaach ginn an déi Responsabel juristesch belaangt ginn. Wann net, dann hätt se gär, datt de Franz Fayot seng Aussoen “relativiséiert, fir net ze soen zeréckzitt”.

Um Dënschdeg hat d’Handwierkerkummer schonn eng “Prise de position” verëffentlecht.

RTL-News: Reaktiounen op d’Etüd vum Konkurrenzrot - Handwierkerfederatioun schwätzt vun Diffamatioun
RTL-News: Immobiliësecteur - An der “nationaler Kris” virukommen, mä mat “acceptabele” Profitter, esou Fayot
RTL-News: Bausecteur - Entreprisë loosse Kritik vu Konkurrenzautoritéit net gëllen
RTL-News: Konkurrenzautoritéit - Rout Kaarte fir den Immobiliësecteur

Back to Top
CIM LOGO