CSV-Neijoerschpatt"Dialog ass Symbol vu Kraaft", esou Fraktiounschef Marc Spautz

Serge Pauly
Fanny Kinsch
En Donneschdegowend huet d'CSV fir hiren Neijoerschpatt op Rued-Sir invitéiert.
CSV-Neijoerschpatt
“Dialog ass Symbol vu Kraaft”, esou Fraktiounschef Marc Spautz

D’CSV huet en Donneschdeg den Owend zu Ruedt-Syr op hiren Neijoerschpatt invitéiert. D’Regierungspartei huet sech selwer gelueft fir dat wat, een 2024 erreecht hätt, virop datt zanter dësem Joer jidderee manner Steiere bezilt. Grousst Thema an de Riede war awer och de Sozialdialog, deen an de leschte Méint jo net ëmmer vu grousser Harmonie gepräägt war.

CSV- Neijoerschpatt / Reportage Fanny Kinsch

Sief et bei der steierlecher Entlaaschtung, dem Logement oder der Sécherheet - d’CSV hätt geliwwert, esou de Generalsekretär Alex Donnersbach.

“An dat beweist am Fong och dee gréisste Kritikpunkt, dee mir vun der Oppositioun ëmmer erëm kréien: d’Kommunikatioun. Net d’Mesuren, net d’Entlaaschtungspakéit, net d’Mesuren, déi mir am Logement geholl hunn, net de Mindestloun, dee mir gehéicht hunn, mä d’Kommunikatioun. Wann dat déi eenzeg Saach ass, déi si ze kritiséieren hunn, léif Frëndinnen a Frënn, muss ee festhalen, dass dës Regierung e richteg gudden Job mécht, well dës Regierung liwwert.

De CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz huet a senger Ried e Plädoyer fir de Sozialdialog gehalen.

De sozialen Dialog war a bleift e Fundament vun eiser demokratescher Gesellschaft. Den Dialog ass keen Zeeche vu Schwächt, et ass e Symbol vu Kraaft. An enger Zäit, wou ëmmer méi Stëmme probéieren, eis Gesellschaft ze splécken, steet d’CSV kloer an däitlech dofir, all Gruef tëschent de Leit mat Respekt an oppenen Diskussiounen ze iwwerbrécken.

De Sozialdialog an de soziale Fridden deen domat verbonne wier hätten zu engem Kompetitivitéitsvirsprong vum Grand-Duché bäigedroen, esou de Marc Spautz.

Extrait Marc Spautz

“Et ass nëmmen duerch e gudden Dialog tëscht verschiddenen Acteure vun eiser Gesellschaft, Politik, Patronat, Gewerkschaften a Bierger, datt mir déi grouss Erausfuerderungen, déi op eis zoukommen, kënne meeschteren. Dofir wëll ech dem Luc och ausseruerdentlech felicitéieren, fir déi Ausso, déi e gemaach huet am Neijoerschinterview, dass en sech nach dëse Mount wäert zesumme mat de Gewerkschaften un den Dësch setzen, fir ze kucken, dass mer dee Sozialdialog rëm an déi richteg Richtung kréien. An ech sinn dovun iwwerzeegt, dass hien et wäert fäerdegbréngen, dass mer deen Punkt och iwwerwonne kréien an dass mer zu deenen ale Stäerkten zréckdroen.”

D’Reunioun mat de Presidente vun de Gewerkschafte wier d’nächst Woch en Dënschdeg, esou de Premier a Parteipresident Luc Frieden.

Fir e generellen Tour d’horizon iwwert d’Sozialpolitik, a fir mech ass Sozial- a Wirtschaftspolitik, fir d’CSV ass Wirtschafts- a Sozialpolitik, dat ass virdrun ugeklongen, e Ganzt, och doriwwer ze ënnerhalen. Grad esou wéi mer natierlech mat de Betriber weider am Dialog sinn, well nëmmen zesumme komme mer weider. Ech wëll awer soen nach eng Kéier: Eise Programm, eis Richtung ass kloer, eng staark Wirtschaft fir eng staark Sozialpolitik an eng Ëmweltpolitik, déi pragmatesch ass. Déi dräi Saache ginn zesummen, mä d’Reiefolleg ass och ganz kloer.

De Marc Spautz huet a senger Ried dann nach gesot, d’Regierung géing e Samschdeg déi nächst Etapp an der Diskussioun ronderëm d’Pensiounsreform lancéieren.

Vu mer dann och alleguerte wäerte gesinn, wat dann déi Fuerderunge waren, déi alleguerten déi Leit, déi sech konnten abréngen, wëlles haten a wat se wollten. An da kann een dat och um Site kucken. An da kritt een och do d’Kuerzfaassung wéi d’Leit et gesinn, wéi d’Lëtzebuerger gesinn, déi domadder interesséiert sinn, fir dat kënnen ze maachen.

An de leschte Méint hat d’CSV-Sozialministesch Martine Deprez verschidden interesséiert Gruppen zu enger méiglecher Pensiounsreform consultéiert an d’Bierger och iwwert en Online-Formulaire ëm hir Meenung gefrot.

Back to Top
CIM LOGO