
No zwee Joer Suspendéierung erëm schaffe goen an dat op eng Plaz, op där ee weider net gewënscht ass. Dat stoung den zwee Diddelenger Gemengebeamte en Dënschdeg bevir, déi 2022 wéinst inappropriéiertem Verhalen op der Aarbechtsplaz Heem geschéckt goufen. Déi zwee hate géint dës Decisioun vum Buergermeeschter- a Schäfferot virum Verwaltungsgeriicht geklot a kruten elo Recht.
Am Summer hat schonn de Conseil de discipline vun de Gemengebeamte festgehalen, datt eng Suspendéierung an dësem Fall net justifiéiert wier. Déi Decisioun hat d‘Gemeng awer net akzeptéiert an huet Recours gemaach, dee wéi gesot elo net zeréckbehale gouf. An der Saach selwer, also der Fro, ob den zwee Gemengebeamten effektiv eppes ze reprochéieren ass, gëtt an engem aneren Dossier virum Verwaltungsgeriicht verhandelt. D‘Gemeng wollt d‘Suspendéierung u sech bäibehalen, bis och dëst Urteel gesprach ass. Ma d‘Decisioun an där Affär dierft nach e puer Méint op sech waarde loossen.