Nations LeagueDomingos nei am Kader - Martins, Selimovic a Curci net nominéiert

Jeff Kettenmeyer
En Donneschdeg de Moien huet den FLF-Nationaltrainer Jeff Strasser seng Ekipp fir d'Nations League Playoffs géint Malta presentéiert.
Den FLF-Nationaltrainer Jeff Strasser an de Generalsekretär Joël Wolff presentéieren de Kader fir d'Nations-League-Matcher géint Malta.
Den FLF-Nationaltrainer Jeff Strasser an de Generalsekretär Joël Wolff presentéieren de Kader fir d’Nations-League-Matcher géint Malta.
© Tom Zeimet

An enger Woch spillt d‘Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp den Allermatch an de Playoffs vun der Nations League auswäerts géint Malta. Fënnef Deeg drop ass dann de Retourmatch am Stade de Luxembourg. De Jeff Strasser huet en Donneschdeg säi Kader fir béid Matcher presentéiert.

De Fabio Domingos, deen an der U19 an U23 vum Paris Saint Germain spillt, ass déi éischte Kéier mat dobäi. Mam Mica Pinto an dem Jayson Videira sinn zwee Spiller no méi laanger Zäit nees am Kader. Aus ënnerschiddlech Grënn, sinn des Kéier den Marvin Martins, de Vahid Selimovic an den Alessio Curci net selektionéiert.

Ronn 300 Lëtzebuerger wäerte mat op Malta fléien, fir d‘FLF-Selektioun ze ënnerstëtzen.

Wat eng méiglech Nominatioun vum Dany Mota betrëfft, sot de Jeff Strasser, datt et him bis elo net méiglech war, fir en direkten Kontakt zum Spiller ze kréien. Beim Gerson Rodrigues bléift Decisioun vu Säite vun der FLF onverännert.

PDF: D'Lëscht vum kompletten FLF-Kader géint Malta

D’Pressekonferenz am Replay

Back to Top
CIM LOGO